Article Post on 24 March 2020

Sozial Moossname vun der Regierung am Kontext vun der COVID-19 Kris

This article also exists in English and French

_Froen déi d’Gesellschaften sech a Saache Sozialkotisatiounen (cotisations sociales) un de Centre commun de la sécurité sociale (CCSS) stellen, dess am Kontext vun der COVID-19 Kris.

Fir datt d’Gesellschaften hire Cashflow besser organiséiere kënnen an d'Bezuelung vun hire Sozialkotisatiounen (cotisations sociales) besser verwalte kënnen, setzt de CCSS, ab dem 1. Abrëll 2020 an bis de Verwaltungsrot vum CCSS entscheet huet datt kee Grond méi besteet des Mesurë weider ze respektéieren, déi folgend temporär Mesuren un:

  • Aussetze vun der Berechnung fir "intérêts morataires" fir verspéite Bezuelungen;
  • Aussetze vun der Aféierung vun enger Prozedur fir de "recouvrement forcé" vu Kotisatiounen;
  • Aussetze vun der Duerchsetzung vun Oplagen duerch Geriichtsvollzéier;
  • Aussetze vu Geldstrofen, déi Patronen ze bezuele kréien, déi a Retard si mat Deklaratiounen, déi se beim CCSS mussen ofginn.

Fir Mei Informatiounen

_Froen déi privat Persounen sech stellen:

  • A private Stéit, kënnen d’Elteren den aussergewéinleche Congé aus familiäre Grënn duerch den (COVID-19) huelen, wann keng aner Méiglechkeete fir d’Kannerbetreiung besteet. Allerdéngs kann dëst net mat enger aner Moossname kombinéiert ginn, déi d’Elteren zu Verfügung hunn fir doheem ze bleiwen. Wann ee vun den Eltere vum Chômage partiell profitéiert, kann deen zweeten Elterendeel am Prinzip net vum aussergewéinleche Congé aus familiäre Grënn profitéieren, besonnesch wann et sech em en Emploi critique handelt.

    D’Gesondheetskeess (CNS) garantéiert d'Kontinuitéit vu senge Servicer. De Congé aus familiäre Grënn duerch de COVID-19 wäert bis op den 19. Abrëll 2020 inklusiv (d.h. bis no der Ouschtervakanz) verlängert ginn, dës bis datt d’Schoulen an d’Empfangsstrukturen nees opmaachen. All Demanden, déi scho verschéckt goufen, bleiwe gëlteg. Déi nei Datume mussen sou séier wéi méiglech dem Employeur matgedeelt ginn.

Fir Mei Informatiounen

  • Mat deene leschte Moossnamen am Kampf géint de COVID-19 a besonnesch am Beräich vun der ëffentlecher Gesondheet, soll e neien Akt vu Nomenclature agefouert gi, sou fir d’Généralisten oder Spezialisten, Teleconsultatiounen ze erméiglechen, d’Zänndoktere sinn allerdéngs ausgeschloss. Des gëllt och fir d'Opstelle vu medezineschen Ordonnancen oder Krankeschäiner.
    Fir Mei Informatiounen
     
  • Well d’Servicer vun der Post de Moment net funktionéieren oder nëmme limitéiert sinn, hunn d'Assurée d'Méiglechkeet hire Krankeschäin ausnamsweis per E-Mail un folgend Adress ze schécken: saisieCIT.cns@secu.lu ; (Footnote: Informéiert Iech am Beschten all Dag iwwer d'Horairë vun de verschiddene Postbüroen.)
     
  • No eisen Informatiounen, gëllen d’Bestëmmunge vum Chômage Partiel net fir d’Personal vu private Stéit, mir proposéieren Iech d'Internetsäit vun der ADEM ze besichen.
     
  • De CCSS wäert fir d’Absence vu Personal vu private Stéit net opkommen.
    Fir Mei Informatiounen (CCSS.Public.lu)
    Fir Mei Informatiounen
    (Post.lu)

Share this content