Article Post on 24 March 2020

Nei reglementaresch Contrainte betreffen d'Lëtzebuerger Assurancen a Réassurancen

This article also exists in English and French 

_D’EIOPA huet, dréngend a wichteg Moossnamen/Empfeelunge verëffentlecht déi ab deen Dag gëllen, wou déi englescher Versioun op senger Internetsäit publizéiert gouf, d.h. den 20. Mäerz 2020.

Dës Moossname viséieren d’Gestioun vun der Kris em de COVID-19 a seng Auswierkungen op den europäeschen Assurance-Sektor. Et ass vun héchster Wichtegkeet e gemeinsame Kader fir e koherenten Iwwerwaachungsverfaren op europäeschem Niveau opzesetzen (oder: eng gemeinsam Iwwerwaachungspolitik op europäeschem Niveau).

Dës Empfeelunge goufen ënner dem Artikel 16 vum Reglement (EU) no1094/2010 (EIOPA-Reglement) geholl an op der Basis vun der Direktive 2009/138/CE2 (Solvabilitéit II). Déi kompetent National Autoritéiten a Finanzinstituter maachen alles fir sech den Empfeelungen unzeschléissen.

Zesummegefaasst, ass d'EIOPA der Meenung datt d'Gesellschaften hir Beméiungen op d’Iwwerwaachen a d’Evolutioun vum Impakt vun der COVID-19 Kris an den Impakt op d’Kontinuitéit vun de Geschäfter musse konzentréieren. An dësem Kontext, ass d'Areeche vun de Berichter betreffend d’Informatioun vum éischten Trimester 2020 un déi kompetent Autoritéiten extrem wichteg, sief et fir d’Gesellschaften, wei och fir déi kompetent Autoritéiten.

Fir mei Informatiounen op englesch

Share this content