Article Post on 23 March 2020

FAQ Assurance-Sektor zu Lëtzebuerg - COVID-19 (Coronavirus)

This FAQ page also exists in FrenchGermanItalian and English

_Regierungsmesure fir de Lëtzebuerger Assurence-Sektor

D’Regierung huet mam Règlement grand-ducal vum 18. März 2020 verschidde Moossnamen missen treffen fir d’Bekämpfung vum COVID-19. Dobäi gouf erkläert dass den Assurance-Sektor eng wesentlech Aktivitéit fir d’Oprechterhalen fir d’Interessie vum Bierger a vum Land ass, géintiwwer der Pandemie déi de Moment Lëtzebuerg ugräift. 
Sou sinn d’Deplacementer fir op eisen Assurancë nemmen am Noutfall erlaabt.
Mei Informatiounen

Den Commissariat aux Assurances (CAA) wäert weider seng Roll als Kontrollinstanz vum Assurance-Sektor erfëllen, mais funktionéiert bis op Weideres, nëmme mat reduzéiertem Personal. Den CAA huet an engem Schreiwes präziséiert datt „ (…) wéinst deenen aussergewéinlechen Ëmstänn, déi duerch den COVID-19 opgeluecht goufen, kennen d'Delaien, déi am Kader vun den Procédure extrajudiciaire déi den Réglement vum Commissariat aux Assurances N°19/03 vum 26. Februar 2019 festgeluecht huet, net agehalen gi bis datt d’Situatioun sech nees normaliséiert huet.“ 
Mei Informatiounen

All Verwaltungen, am Beräich vum Assurance-Sektor bidden hier Servicer weider un. D'Associatioun vun den Assurancegësellschaften (ACA) huet gemellt datt "als Deel vun de Mesuren fir d'Verbreedung vum COVID-19 ze begrenzen, soen Lëtzebuerg Assurancë datt all hir Clientsservicer oprecht erhale bleiwen, souwéi op hierem Sëtz, wéi an hiren Agencen zu Lëtzebuerg. Op der anerer Säit get et keen Acceuil physique fir Visiteuren weder um Sëtz, nach an den Agencen. Assuréen, déi Member vun der ACA sinn, bieden hirer Clientèle all Kommunikatioun iwwer E-Mail, Telefon, SMS oder Computer z'erfëllen ☎ 💻”.
Mei Informatiounen

Wildgen


Géint d'Kris, déi mir haut duerchginn, stellt sech eng gewëssen Zuel vu Froen am Beräich vun den Assurancen: Wéi eng Versécherungskontrakter decken den COVID-19 Risiko of? Wat sinn dacks gestëllte Froen fir Firmaen a Privatpersounen? Wat soll fir d'Bezuelung vun de Primmen, d’Deklaratiounen an Begläichen vun engem Sinister gemaach gi?

Är Assurance bitt weider hier Prestatiounen/Servicer un an ass fir Iech verfügbar. Wéi och ëmmer, et sinn déi aussergewéinlech Ëmstänn ronderëm dem COVID-19 déi vill Versécherungsverträg beaflossen.

Kuerz gefaasst, d'Pandémie vum COVID-19 beaflosst net den normale Fonctionnement vun de verschiddenen Versécherungspolicen vun enger Firma oder vun enger Privatpersoun. Dei verschiddene Kontrakter sinn uwendbar am Fall vun engem Risque deen den COVID-19 géif ofdecken.

_Froen déi d’Gesellschaften sech stellen:

 Am Fall vum Télétravail (Home Office), wat sinn d'Konsequenzen op de Versécherungskontrakt?
 

D'Gesellschaft muss d'Sécherheet an d'Gesondheet vun hire Employéen an allen Aspekter am Zesummenhang mat der Aarbecht garantéieren. An dësem Kontext vun der COVID-19 Pandemie, kann d'Gesellschaft sengen Employéen den Télétravail (Home Office) exigéieren. Fir den Télétravail (Home Office) z’organiséieren, wat an dëser Kriseperiod eng Alternativ zur Traditionellerweis schaffen ze goen ass, muss d'Gesellschaft a seng Employéen en Avenant zum Aarbechtskontrakt oder en aneren Accord ofschléissen, woubäi justifizéiert gëtt, als Virsiichtsmoossnam beim Kampf géint de COVID-19 vun Doheem aus seng professionell Aktivitéit auszeféieren.

Well dës keng normal Konditioun fir d'Ausféierung vun der professioneller Aktivitéit ass, muss d’Gesellschaft seng Assurance informéieren dass si sich fir den Télétravail (Home Office) vu sengen Employéen entscheet huet.

Well an dësem Kontext kéint e Risiko bestoen datt d’Assurance den Télétravail (Home Office) net als professionell Aktivitéit verséchert. Dofir wäert d'Gesellschaft sech engersäits fir den Télétravail (Home Office) versécheren, an anerersäits och d’Material déi de Mataarbechter zur Verfügung gestallt krit, dës am Fall vun enger eventueller Perte oder engem eventuelle Schued. Wann néideg, kann d'Gesellschaft eng grenziwwerschreidend Ofdeckung fir seng auslännesch Employéen ufroen.

 Am Fall vum Télétravail (Home Office), kann et zu engem Aarbechtsaccident kommen?
 

D'Fro stellt sech bei der Ofdeckung vum Aarbechtsaccident wéinst enger Verännerung vun den normale Konditioune vum Aarbechtskontrakt. Den Aarbechtsaccident definéiert sech als "en Accident wat wéinst, oder, op der Aarbecht geschitt”. Duerfir ass et wichteg d'Konditioune vum Télétravail (Home Office) ze definéieren a besonnesch d’Aarbechtszäiten ze fixéieren. Am Fall vun engem geleeëntlechen Télétravail (Home Office), verlaangt d’Association Assurance Accident (AAA) datt e schrëftlecht Dokument tëscht de Parteien ausgeschafft gëtt, fir am Fall vun engem Accident, d’Konditioune vum Accident exakt iwwerpréiwen ze kennen.

Den Télétravail (Home Office) ass net ënner dem Tittel "gewéinlech Aarbechtsplaz oder Aarbechtsplaz" opgelëscht, mä kann awer als "geleeëntlech oder mobil Aarbechtsplaz" analyséiert ginn, wat als folgend definéiert ass: "Eng temporär Absetzung zu enger fixer awer net gewéinlech Aarbechtssituatioun oder zu enger lokaler Eenheet déi anescht ass wéi déi üblecht Eenheet, déi Aarbechtsplaze fir e puer Deeg oder Wochen, awer déi net als permanent Aarbechtsplaz ugesi gëtt (temporär Uerdnung als Salarié vun enger Firma déi fir eng aner Firma schafft oder als eng Persoun déi am Kader vun engem bureau de placement ugestallt gëtt fir wichteg Maintenanceaarbechten z'erleedegen, Télétravail asw.)”.

Fir all Aarbechtsaccident muss den Employeur bei der AAA eng Deklaratioun vum Aarbechtsaccident maachen mat Hëllef vum Formulaire vun der Deklaratioun vum Aarbechtsaccident / Trajetsaccident (Source AAA.lu „Erklärungen betreffend d‘Deklaratioun vum Aarbechtsaccident / Trajetsaccident“).
Mei Informationen

Am Fall vum Télétravail (Home Office), sollt een d’Assurance informéieren?
 

D’Haftflicht (Responsabilité civile) fir Manager, bekannt als D&O, steet fir "Directors and Officers Liability Insurance”, deckt haaptsächlech wirtschaftlech Schied of, déi duerch verstousse vun hiren Obligatiounen entstinn. An dësem Fall, ass d’Gesellschaft de Preneur, an de garantéierte Risque deckt natierlech Persounen (personnes physiques) an hirer Kapazitéit als Manager, déi haftbar si fir d’Schied déi wéinst engem Verstouss vun hirer Diligenzpflicht entstinn.

Am sougenannte Krees vun de Assuréierten, sinn dës d’Membere vun der ieweschter Direktioun vun der Gesellschaft, d.h. de Verwaltungsrot (conseil d’administration, conseil de gérance), d’Direktioun vun der Divisioun oder vum Grupp, souwéi d’Internkontrollorgan (organen de contrôle interne).

Dës Assurance schützt d'Assuré géint d'Käschte vu geriichtlecher an aussergeriichtlecher Verdeedegung am Fall vun net gerechtfäerdegt Plainten.

Dës Assurance deckt Käschten dei generéiert goufen duerch gerechtfäerdegt Plainten, wéi Schuedenersatz oder Affekotekäschten.

D'Assurance kann och d'Privatverméige vun den Assuré schützen. D'Hypotheese vum Télétravail (Home Office) ka méiglecherweis net an der Versécherungspolice virgesi ginn, well et net eng gewéinlech Manéier ass ze schaffen, bleift en Zweiwel bestoen.

Fir Employéen déi am Télétravail (Home Office) duerch de COVID-19 sinn, ass et unzeroden der Assurance iwwer d’Ännerunge vun den Aarbechtsbedéngungen z'informéieren.

 Ass de COVID-19 e Fall fir d'Ëmsetzung vun der Assurance fir Betribsverloschter?
 

Eng Deckung fir Betribsverloschter « Assurance Pertes d'exploitation » no enger Ënnerbriechung vun der professioneller Aktivitéit verursaacht duerch de COVID-19 ass u sech weder méiglech an net assuréiert.

Assurancekontrakter, déi d'Betribsverloschter decken intervenéieren am Fall vun engem Betribsverloscht, nemmen wa de Kontrakt et spezifesch garantéiert. Am dësem Fall, ass de COVID-19 kee Schued den am Gesellschafskontrakt gedeckt ass, sou datt seng direkt Konsequenzen op d'Geschäft vun der Gesellschaft net garantéiert ka ginn, sou den aktuellen Informatiounsstand.

Wann Är Versécherungspolice duerch aussergewéinlech Mëttelen de Risique vu Pandemien ofdeckt, da sidd Dir assuréiert. Et ginn verschidde Assurencekontrakter déi eng Verlängerung vu de Garantien fir Betribsverloschter ofdecken, z.B. falls en Member bei enger Versuergungskette ënnerbrach gëtt. Allerdéngs muss d’Versoen selwer mat engem garantéierten Event verbonne sinn. Nëmmen eng Fall-zu-Fall Analyse vum Assurancekontrakt kéint et erlaben ob de Fall vum COVID-19 méiglecherweis am Kader vun der Garantie assuréiert ass.

 Wei soll en Autossinister deklaréiert ginn?
 

Assuréen, déi hir Aktivitéit weiderféieren, solle Schied op déi gewéinlech Manéier mellen. Am Fall vun engem Autosaccident, wäert et noutwendeg si vu Fall-zu-Fall ze kontrolléieren, ob d’Garagen, de Reparateuren oder de Carrossieren, hier Aktivitéite limitéiert hunn duerch d’Moossname vun der Regierung. Och wann se Rendez-vousen fir Reparatur akzeptéieren, ass et wichteg datt Är Clientë kloer bestätegt kréien datt d'Aarbechte bannent der ausgemaachter Zeit ausgefouert ginn.

Sou wier et ubruecht, falls Gefierer net total immobiliséieren sinn, de Rendez-vous fir d'Reparatur gemaach gëtt nodeems d'Situatioun ronderëm COVID-19 geléist ass.

Et ass wichteg Äre Schued sou séier wéi méiglech ze déklareieren. D'Assurancë ginn am léifste per E-Mail oder per App kontaktéiert.

 Kann een eng Couverture fir Gefierer oder aner Wueren ufroen?
 

De COVID-19 ännert dës Situatioun net, mä d'Konditioune fir d’Versécherungspolice ze starten schonn.

Zum Beispill, fir d’Souscriptioun vun enger Autosassurance, onofhängeg vum Alter vum Gefier, kann en Informatiounsblat a Fotoen vum Gefier un Är Assurance (no individuellen Praktiken) geschéckt ginn.

Och wann de Sëtz vun der Assurance fir de Public zou ass, bidden d’Assurancen hir Servicer weider un, dës iwwer Telefon, E-Mail an Online.

D’Internetsäiten vun der Société Nationale de Contrôle Technique (SNCT) sinn weider verfügbar an erlaben de Clientë Versécherungszertifikater fir de Passage op d'Kontrollstatioun ze printen. D’Printen funktionéiert op Basis vun der Versécherungsnummer vum Auto (gréng Kaart) den assuréiert ass. Déi meescht Zäit ass d'Printen vun enger grénger Kaart fir d'Aschreiwung vum Gefier net ënner den aktuellen Ëmstänn méiglech.

 Aner Schied am Zesummenhang mam COVID-19
 
  • Ass meng “Assurance Annulation” vun Eventer duerch d’Regierungsmoossname vum COVID-19 gedeckt?
    Et gi spezifesch Versécherungspolice fir d'Kënnegung vu kulturellen oder sportlechen Eventer. Si iwwerhuelen nëmmen extern Entscheedungen am Bezuch vum Organisateur (z.B. Regierung) d’Eventer z'annuléieren, sou datt wann d’Gesellschaft vu sech aus d’Entscheedung hellt den Event z'annuléieren, net ofgedeckt ka ginn. Wann d'Annulatioun vum Event vun den administrativen Autoritéiten decidéiert gëtt, sinn d’Käschte vun dëser Annulatioun méiglecherweis ofgedeckt, wann dës an der Versécherungspolice steet.
    ëmme Versécherungspolicen, déi virun der Unerkennung vun der Pandemie als en Noutfall vun der ëffentlecher Gesondheet ofgeschloss waren, kenne méiglecherweis ugewannt ginn.
  • Sinn d'Haftpflichten vun der COVID-19 beaflosst?
    Allgemeng deckt Haftpflichtspolice mat Bezuch op Drëttpersounen (anescht wéi Mataarbechter) am Fall vu Kierperverletzung am Zesummenhang mat der Aktivitéit vun der Gesellschaft. Fuerderungen, déi Drëttpersoune géint d’Gesellschaft maache kéint, am Fall wou Se behaapt datt e Feeler opgetrueden ass, bleift weiderhi méiglech.
    Wat méi besonnesch d'Employéë vun der Firma ugeet, sinn och déi allgemeng Haftpflichtspolice méiglecherweis uwennbar, wann den Employé op der Basis vum der ziviller Responsabilitéit gesicht gëtt. An alle Fäll kann d'Garantie nëmme mobiliséiert ginn, wann ënner der Garantiebestëmmung eng “clause d’exclusion” an der Haftpflichtspolice virgesi ass.


_Froen déi d’Privat Persounen sech stellen:

Huet Télétravail (Home Office) Auswierkungen op d’Hausversécherung?
 

D'Haus ass am Prinzip als privat Haus verséchert a wann de Bewunner am Télétravail (Home Office) ass, dann ass d'Haus net nëmmen fir privat Zwecker benotzt, mä gëtt als eng Aarbechtsplaz ugesinn. Et gëtt dofir ugeroden dës professionell Aktivitéit der Assurance matzedeelen.

Ass de COVID-19 eng Krankheet déi iwwerholl ka ginn?
 
  • Wei ass et mam Gesondheetskontrakt?
    Déi komplementar Gesondheetskontrakter decken d'Gesondheetskäschten, déi duerch den Assuré mat COVID-19 infizéiert ass, bis op d’Héicht vun de Garantien déi am Kontrakt viergesinn ass. Dës wäerten haaptsächlech Käschten am Zesummenhang mat der Consultatioun vun Dokteren, Hospitaliséierung, Medikamenter an Analyse sinn. Wann et net speziell am Kontrakt virgesinn ass, ginn Depensen, déi net vun der obligatorescher Gesondheetskeess rembourséiert ginn, sou wéi hydro-alkoholesch Gel a Masken, net iwwer dem zousätzleche Gesondheetskontrakter ofgedeckt. Verschidden Assurancë liwweren alldeeglech Kompensatiounen am Fall vu Krankeschäin oder Accident, wat och am Fall vum zertifiéiertem COVID-19 vum Doktor, kéint spillen. Quarantän sinn nëmme verséchert wann se aus engem zertifiéiertem COVID-19 resultéieren. Déi aner Konditioune vum Kontrakt, besonnesch d'Karenzfrist bleiwe valabel.
  • Wei ass et mam “Contrat de prévoyance”?
    Wann d'Persoun de Virus huet an d'Symptomer vum COVID-19 weist, an am Fall dass Si net schaffe kann, gerechtfäerdegt duerch e Krankeschäin, ginn d'Garantië vum Contrat de prévoyance aktivéiert, dës no de Bedéngunge vum Kontrakt, d.h. bis zum Niveau vun der Kompensatioun an no der Period vun der Franchise déi am Kontrakt virgesinn ass. Déi selwecht Bestëmmunge gëllen a Bezuch op d'Garantie décès. Wat d'Konditioune fir d'Ausléise vun der “Aarbechtsstopp-Garantie” betrëfft, déi betraffe Persoune kënnen oder kënne net vun hirem Contrat prévoyance ofgedeckt ginn. Wann de Assuré net krank ass, ass et noutwendeg op d'Konditiounen ze verweisen déi am Assurancekontrakt festgeluecht sinn, fir ze kucken ob d'Garantie den Assuré indemniséiert, falls en wärend dem obligatoresche Lockdown net geschafft huet.
Kann ech weiderhi verséchert bleiwen ?
 

Déi meescht Assurancë schaffe weider. D'Lëtzebuerger Regierung huet den Assurance-Sektor als eng wesentlech Aktivitéit fir d’Oprechterhale fir d’Interessie vum Bierger a vum Land klasséiert. Och wann de Sëtz vun den Assurancë fir de Public zou ass, bidden d’Assurancë hir Servicer weider un, dës awer nëmmen iwwer Telefon, E-Mail an Online.

Wéi kann ech mäin Autosschued mellen?
 

No de Moossname vun der Regierung, gesi Garagen hir Aktivitéite limitéiert (de Showroom bleift zou). Och wann se Reparatures-Rendez-vous(en) akzeptéieren, ass et wichteg datt de Client kloer bestätegt krit datt d'Aarbechte bannent den ausgemaachen Zäiten ausgefouert ka ginn. Sou wier et ubruecht, falls d’Gefier net total immobiliséiert ass, de Rendez-vous fir d'Reparatur gemaach gëtt nodeems d'Situatioun ronderëm dem COVID-19 geléist ass.

Et ass wichteg Äre Schued sou séier wéi méiglech ze déclareieren och wann den Datum fir d'Reparatur nach net bekannt ass. Och wann de Sëtz vun den Assurancë fir de Public zou ass, bidden d’Assurancen hir Servicer weider un, dës awer nëmmen iwwer Telefon, E-Mail an Online.

Ass eng Annulatioun vun der Vakanz am Fall vum COVID-19 méiglech?
 
  • Kann ech zeréck bezuelt ginn ?
    Ufroe fir Reesversécherungsofdeckung virum 1. Mee 2020 sinn net méi méiglech. Wann Dir wëlles hutt Är Reesversécherungkontrakter z’annuléieren, déi scho fir d'Joer 2020 gemaach goufen ouni bessoneg Formalitéiten, sollt Dir mat Ärer Assurance an Verbindung kommen.
  • Wat deckt meng Reesversécherung?
    Et gëtt keen allgemenge Prinzip, et hänkt alles vum Inhalt vun den allgemenge Bedéngunge vum Annulatiounsversécherungskontrakt, dës an de Fäll déi vun der Assurancepolice ofgedeckt sinn. Allgemeng rembourséiert d'Annulatiounsversécherung am Fall vun enger onberechenbarer Krankheet, Accident oder eeschte Verletzung den Assuré. Et gëtt keen Zweiwel, datt den Assuré dee mam COVID-19 infizéiert ass dës ka benotzen.
  • Kann ech meng Rees annuléieren an zeréck bezuelt ginn?
    Allgemeng ëmfaasst d'Garantie keng Verspéidung, Feeler oder aner Behënnerungen, déi an der Leeschtung vun de Servicer entstoe kënnen, wann se dem Assuré net unzerechne sinn oder wann se d'Resultat vu enger Force majeure sinn. Allerdéngs ass d’COVID-19-Pandemie als Force majeure ugesinn. D’Assurance schëlleg sengem Client keng Garantie.

 

Fir weider Informatioun, kontaktéiert eisen Assurancen Team: Karine Vilret, Silvia Bracaloni, Nicolas Melmer oder covid19@wildgen.lu.

Share this content